5 Mäert, déi kommen

Mäert zu Miersch

Miersch (Mersch), am Uelzechtdall an der Mëtt vum Land, ass eng vun den Uertschafte mat de meeschte Mäert an eisem Kalenner. Am Topaze gëtt et e Kreativmaart an am Dezember e Chrëschtmaart vun den Hobbykënschtler Lëtzebuerg; d’Gemeng mécht hiren eegene Chrëschtmaart op der Place Saint-Michel. Zu Bieschbech (Berschbach) mécht de Bieschbecher Atelier am Blannenheem en Hierschtmaart an en Adventsmaart virun Chrëschtdag.